Den 23. Januar waren d’Schüler vun der 4GSO zu Huelmes an hunn um Atelier "Nos aliments, nos goûts" deelgeholl. Als éischt hunn si verschidde Liewensmëttel getest: si hu gekuckt, gelauschtert, gefillt, geriicht a geschmaacht. No dëser ganz "sënnlecher" Aufgab, bei der d’Schüler sech deene verschiddene Goûte bewosst si ginn, hunn si en nohaltege Müsli zoubereet an zesumme giess. Dono hunn d’Schüler unhand vu verschiddenen Aktivitéiten eis Iesskultur an Iessgewunnechten ergrënnt. Zum Schluss sinn déi verschidden Inhaltsstoffer vun de Liewensmëttel thematiséiert ginn. Schüler konnten heibäi hier stäerksten Zockerquellen aus dem Alldag identifizéieren an iwwert hier Iessgewunnechte reflektéieren.






Adresse:
Email: 




