No enger kuerzer Visitt vun der elsässescher Stad hunn eis IIes- Schüler den Här Charel Goerens fir e Mëttegiessen am Parlament getraff. Mat eisem Europadeputéierten  hunn d‘Schüler iwwert aktuell Themen, wéi de Klimawandel an de Brexit diskutéiert. Dono hunn Schüler am Parlementarium, dat nom Simone Veil benannt ass, op eng ganz interaktiv Aart a Weis d'Aarbecht vun den EU- Parlamentarier erkläert kritt. Uschléissend hunn si am Plenarsall dem Charel Goerens seng Ried iwwer d’Holocaust-Gedenke live verfollegt.