De 5. a 6. Februar huet de schoulinterne Concours fir déi national Philosophiesolympiad stattfonnt. Bei der dësjäreger Editioun, wou sech Schüler a Schülerinnen aus allen Auditoiren (déi Philo um Programm hunn) och gemellt haten, konnten den Paul O'Brien (1B) an d'Lee-Ann Lichtenberger (2A) mam Ausdrock vun hirer perséinlecher Reflexioun, hir Argumentatioun, hir Schreifweis an hir pertinent Iddien am meeschte vu villen interessante Produktiounen iwwerzeegen. Domadder representéiere si den LCE bei der nationaler Philosophiesolympiad, déi den 28. Februar zu Walfer stattfënnt. Déi 2 Gewënner vun der nationaler Epreuve vertrieden dann Lëtzebuerg op der International Philosophy Olympiad, déi dëst Joer am Mee zu Lissabon wäert sinn. Dem Lee-Ann a Paul eis Felicitatiounen an alles Guddes fir déi nächst Epreuven!


Adresse:
Email: 




