E puer Privatpersounen hunn op Facebook d’Initiativ “3D Print - Let’s Fight Corona Luxembourg“ gegrënnt, fir mat Hëllef vun 3D-Printeren Schutzbrëller ze produzéieren.
Esou e „Brëll“ besteet aus Plastiksfolie, déi un engem Bigel hänkt, deen aus engem 3D-Printer kënnt. Wéinst der Covid-19 Pandemie ginn dës Schutzausrëschtungen am Moment vum medezinesche Personal dringend gebraucht.
Wéi d’Membere vun der Direktioun vum LCE vun dëser Aktioun héieren hunn, hunn si de Mike Linckels, de Grënner vun eisem Makerspace, gefrot, ob eis 3D-Druckeren net fir dëse gudden Zweck och kinnten agesat ginn. Den Här Linckels a seng Famill hunn direkt hir Hëllef ugebueden. Well d’Schoulen am Moment zou sinn, hunn si spontan doheem an hirer Stuff eng „Fabrick“ fir Schutzbrëller installéiert, déi fläisseg produzéiert.
Sou hunn si bis elo schonns iwwert 72 Schutzbrëller kënne fir Spideeler an de Centre médical vun Housen produzéieren. An hier Fabrikatioun geet nach fläisseg weider ...
E grousse MERCI vun der ganzer Schoulgemeinschaft un d’Famill Linckels !!





Adresse:
Email: 




