Vum 30. September op de 16. Oktober waren eis Septimaner gruppeweis fir 2 Deeg op hirem Stage Découvertes an der Jugendherberg um Iechternacher Séi. Mat Hëllef vun ënnerschiddlechen Aktivitéiten (Konschtatelier, Kloteren, Lagerfeier, New Games, Geocaching, Mountainbike) hu si sech, hir Klassekomeroden an hir Professere besser kennegeléiert. De 2. Dag nomëttes hu si de Lycée a seng Alentouren vum historesche Standpunkt duerch en Theme-Rallye, organiséiert vum Grupp “Pâtre et Moine”, méi genee ënnert d’Lupp geholl.

Weider Photoe fannt dir ënnert der Rubrik “LYCÉE – Photo Gallery”.