Vum 19. bis den 21. November 2014 waren d’Direktiounsmembere vum ‚Gymnasium Carolinum‘ vu Neustrelitz (Mecklenburg-Vorpommern) a vum ‚Collège Notre-Dame de Bonne-Espérance‘ (Wallonie) fir eng Aarbechtsvisite an eiser Schoul. Dobäi hu Proffen a Schüler aus dem Grupp ‚Pâtre et Moine‘ eis Gäscht duerch eis Schoul geféiert. Vill Luef kruten eis Schüler fir hir „professionell“ zweesproocheg Visite. Hir Sproochekompetenzen an hiert historescht Wëssen iwwert d‘Gebailechkeete vun eisem Lycée hunn eis europäesch Noperen iwwerrascht. Bei enger Visite vun der Stad Lëtzebuerg an engem Rondgang duerch Iechternach mam Historiker Marc Schoellen konnte si sech dovun iwwerzeegen, datt Lëtzebuerg méi wéi eng international Bankeplaz ass.

An Aarbechtssëtzunge gouf e gemeinsamen ERASMUS+ Projet fir d‘Joeren 2015-2017 op d‘Been gestallt, deen d’nächst Joer zu Bréissel wäert agereecht ginn. Falls eise Projet „PATRIMONIUM: Erbe, Verpflichtung, Zukunft“ vun der EU gréng Lut kritt, fänkt am Schouljoer 2015-2016 eng enk, fir eis Schüler an eis Enseignanten interessant Zesummenaarbecht mat eise Partnerschoulen un.