Nom aussergewéinlechen Erfolleg vum Oratorium 1815, soe mir alle Bedeelegten en häerzleche MERCI fir hir Leeschtung an hiren Asaz.
Dës CO-Produktioun vun LCE an Trifolion weist wat méiglech ass, wann eng Schoulgemeinschaft - Ancienen, Elteren, Professeren a Schüler mat Begeeschterung an Iwwerzeegung zesummen um selwechte Projet schaffen.
E ganz spezielle Merci geet un d'Komponisten, eis hauseege Museker, d' Text-Auteuren an d'Acteure vun den Nouveaux-Nez Epternaciens. Eise Merci gëllt och all deenen, déi um technesche Plang hannert de Coulisse geschafft hunn an doduerch d'Opféierung vun dësem Musical erméiglecht hunn.
An deenen nächsten Deeg wäert dir weider Photoe vum Spektakel op eisem Internetsite gesinn. Op dësem Link kënnt dir kuerz bis an de Musical eralauschteren.
D' Direktioun vum Iechternacher Lycée


Adresse:
Email: 





