Och dëst Joer engagéieren sech Schüler aus dem LCE fir de Projet SONFLORA am Nicaragua z’ ënnerstëtzen. Um Chrëschtmoart zu Iechternach hu si fläisseg gebak an hier Kuchen a Muffins, sou wéi Bastelaarbechte vun de Kanner aus dem Nicaragua verkaf. Ausserdeem hu Schüler de Projet um Chrëschtconcert vun der Iechternacher Museksschoul an um Benefissconcert vum Reis-Demuth-Wiltgen Trio virgestallt.