Um Schach-Tournéier vum 15. Dezember 2014, organiséiert vum Lycée classique vun Dikrech, huet d’Equippe aus dem LCE déi 2. Plaz beluecht. Déi véier Spiller - Ronny Abreu Pontinha (IIe C-2), Daniel Manzoni (IIe G-1), Ivan Popov (IVe-mod.) a Marc Royer (IIe C-2) hunn den LCE vertrueden. An der Eenzelwertung huet den Ivan Popov mat 9 vu méiglechen 9 Punkten déi 1. Plaz souverän gemaach, virum Daniel Manzoni, dee mat 7,5 Punkten Zweete gouf.




Adresse:
Email: 





