Graffitiprojet

Ënnert der Leedung vun der Madamm Elaine Schintgen, Konschtprofessorin am LCE an dem 

Graffiti-Kënschtler, dem Daniel Mac Lloyd, gouf an de leschte Wochen en aussergewéinleche Graffitiprojet realiséiert. D’Primaner vun der Optioun „Graffiti“ hunn d’Trapenhaus vum P, dat an d’Biologie féiert, verschéinert. D’Duerstellung ass eng Zesummesetzung vun Entwërf vun de Schüler a Schülerinnen aus dëser Optioun. De bekannten Urban-Art-Kënschtler huet si an dësem Schouljoer net nëmmen an d’Technike vun der Graffitikonscht agefouert, mee hie war och bei der Realisatioun vun dësem Konschtwierk derbäi.