Atelier “Deux en un”

Den 22. Abrëll 2022 ware Vertrieder vun der Chambre de Commerce an dem House of Entrepreneurship am LCE op Besuch.

Am éischten Atelier “L’économie luxembourgeoise – Did you know?” kruten d’Schüler een Abléck an d’Lëtzebuerger Ekonomie. Am Fokus waren de Wandel vum Secteur primär zum Secteur tertiäre, mee awer och d’Secteurs clés vun der Ekonomie vun haut.

Am zweeten Atelier “Entrepreneuriat – Ready for business? ” goung et em Thema “Selbststännegkeet “. Den Entrepreneur Giacomo Trenz, Founder vun Arca Properties, huet vu senge positiven an negativen Erfarungen als Entrepreneur erzielt. Dës Liewensgeschicht huet d’Schüler vun der 4 GCM, 3 GCM an der 2GCG begeeschtert. Si konnte gesinn, datt de Beruff vum Entrepreneur net nëmme mat Succès, mee och mat vill Schweess an Tréine verbonnen ass.

Eng wichteg Lektioun hunn eis Schüler deen Dag geléiert: Et soll ee fir seng Ziler kämpfen a sech trauen seng gewinnten “Komfortzone”  ze verloossen.