LASEL Mountain Bike Championnat

Op der Thillsmillen gewënnt Kylie Bintz den Titel an der Kategorie “Cadettes Jeunes Filles”, wärend sech de Kim Bintz mat groussem Virsprong de Championnats-Titel an der Kategorie “Juniors-Seniors” séchert.

De Kevin Richartz, vir säin Deel, beleet déi drëtte Platz an der Course vir “Juniors-Seniors” ouni Lizenz bei der FLC.

Mir gratuléieren dem Kylie, Kim an dem Kevin!