Ökologesche Stage zu Huelmes

Vum 4. bis de 5. Mee 2022 konnt d’3CLC /CC zesumme mat de Biologiesprofessorinnen, der Madamm Claudia Gonçalves Bessa, der Madamm Véronique Massard an der Madamm Claudine Wolff un engem ökologesche Stage zu Huelmes deelhuelen. Den éischten Dag hunn eis SchülerInne bei de Weiere verbruecht: Do hunn si den Ökosystem “Weier” mam Ökosystem “Baach” verglach an dat souwuel wat déi biotesch wéi och déi abiotesch Facteuren ugeet. D’Nuecht hunn si an der Jugendherberg verbruecht. Den zweeten Dag stoung den Ökosystem “Bësch” um Programm. Hei hunn eis SchülerInne verschidden typesch Bëschformatiounen ënnert d’Lupp geholl.