Eis Äerd, Eis Zukunft

Eis Äerd, Eis Zukunft – war den Titel vum Theemendag vum 1. Juni 2022, deen de Nohaltegkeetsgrupp vum LCE an Zesummenaarbecht mam CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg) organiséiert huet. No der Projektioun am Kino SURA vum Dokumentarfilm „Eng Äerd“ vum Tom Alesch iwwert Ressourcëverschwendung zu Lëtzebuerg konnten all SchülerInne vun de 5e an den 3e Klassen an eiser Schoul un zwee Workshops deelhuelen, fir déi si sech am Virfeld ageschriwwen haten. Dobäi war d’Auswiel un interessanten Atelieren zu den Theemen “Ëmweltbewosstsinn a Nohaltegkeet“, déi vun Enseignanten aus dem LCE awer och vun externen Intervenanten animéiert goufen, grouss, wéi dës Opzielung beweist: Recycling, Urban Gardening, Repair Café, Rethink your Clothes, Espace Climate Game, Méi mam Vëlo – méi zu Fouss, Nohalteg Wirtschaft a Finanzen, Climate Challenge, URBO Spill, Konschtatelieren…
 
Den Enseignantë Pit Sunnen, Laurent Eicher, Guy Schartz, Julie Paulus a Chris Pesch, de Membere vum Nohaltegkeetsgrupp an de villen Helping hands, déi dëse flotte Projet erméiglecht hunn, soe mir e grousse MERCI fir d‘ Organisatioun vun dësem interessanten Theemendag.