Op der Rees – Optioun “Portugisesch”

Vum 3. bis de 6. Juni 2022 haten d’Schülerinne vun der 3e Optioun “Portugisesch”, d’Geleeënheet d’Stad Porto mat den Enseignantë Claudia Gonçalves Bessa a Christophe Audenaerde ze besichen.

Nieft de kulturellen Aktivitéiten (Sé do Porto, Igreja e Torre dos Clérigos, Palácio da Bolsa, Livraria Lello,…) konnten d’Schülerinnen de portugisesche Lifestyle an dat lokaalt Iessen,dat si selwer op portugisesch bestallt hunn, kenneléieren a genéissen.