Septimaner-Rentrée a Remise iPad

Haut de Moie goufen 198 Septimaner an d’Schoulgemeinschaft vum LCE opgeholl.

Am Trifolion goufen si an hir Eltere vun der Direktioun vum LCE ganz häerzlech begréisst. No der Ried vum Här Trauffler, Direkter vum LCE, sinn eis nei SchülerInne mat hirer Regente oder hirem Regent an d’Haaptgebai vum LCE gaangen. Wärend si an hirem Klassesall hir nei Klassekomerode kennegeléiert hunn, kruten d‘Eltere vun eise Septimaner aus dem ESC d’Modalitéite vun der Locatioun an d’Reegelen, déi am Ëmgang mam iPad am LCE gëllen, erkläert. D’Membere vum Projetsgrupp „one2one“, déi dës Remise organiséiert haten, hu betount, datt den iPad de SchülerInnen hiert neit “Schaffgeschier” a keng Spillsaach ass, firwat och eng Rei Restriktiounen um iPad installéiert goufen.

Nächste Mëttwoch um 18 Auer kréien d’Septimaner aus dem ESG am Spigelsall vum LCE hiren iPad iwwerreecht.
Mir wënschen eise Septimaner e schéint an erfollegräicht Schouljoer!