Kandidatur fir de Schülercomité

Stell deng KANDIDATUR fir de Schülercomité vum LCE! 
  • Du bass motivéiert fir deng Schoul matzegestalten?
  • Du setz dech gäre fir deng Matschüler a Matschülerinnen an?
  • Du sammels gär nei Erfarungen a wëlls deng Meenung soen?
  • Du iwwerhëls gär Verantwortung


Da bass DU genau dee Richtegen, dat Richtegt fir e vun den 13 Membere vun eisem Schülercomité ze ginn!! 

Deng Proffen informéieren dech an de nächsten Deeg iwwert d’Missioune vum Schülercomité an den Oflaf vun de Wale  fir de Schülercomité.

De Formulaire fir deng Kandidatur ze stellen (Deadline: 3. Oktober 2022 /15 Auer), kanns du am Sekretariat ausfëllen.