Demokratie léiere mam Ausseminister

Fir déi éischte Kéier gëtt an de Lëtzebuerger Lycéeën eng Demokratiewoch organiséiert.

D‘Organisateure vun dëser Woch am LCE hunn sech gefreet, wéi de Jean Asselborn trotz extrem chargéierter Agenda sech en Dënschden de Moie fir eis Schüler a Schülerinnen Zäit geholl huet. Wien ka schliisslech besser erklären, wat alles zu enger Demokratie gehéiert a wéi wichteg politeschen Engagement ass wéi den déngschteelsten Ausseminister vun der EU?

Iwwer 600 Schüler a Schülerinne vu 4e bis 1re  haten zesumme mat hiren Enseignanten d’Geleeënheet dem Minister am Trifolion nozelauschteren an op Aenhéicht mat him ze diskutéieren. Hien huet dobäi déi wesentlech Aspekter vun enger Demokratie opgezielt, ass op d‘ Roll vun der EU, der UNO an der NATO agaangen an huet virun de ville Gefore gewarnt, deenen d’Demokratien op dëser Welt aktuell ausgesat sinn. Duerno huet hien sech de Publikumsfroen an de Froe vu véier Schüler aus der Optioun „Sujets d’actualités“ (Cours Thomas König a Francesco Slavazza) gestallt. Dës Froen iwwert zum Beispill demokratesch Defiziter zu Lëtzebuerg, dem EU-Bäitrëttswonsch vun der Ukrain oder dem Konflikt China-Taiwan hu bewisen, datt jonk Leit sech duerchaus fir politesch Theemen interesséieren.