Optioun « Sustainable Future »

Den Tom Müller an d’Britta Dingeldein vum “Services des forêts” hu mat eise SchülerInnen an den Enseignantë vun der Optioun “Sustainable Future” eng Visitt am Iechternacher Gemengebësch gemaach. Schwéierpunkt war d’Thema Klimawandel a seng Auswierkungen op d’Entwécklung an d’Bewirtschaftung vum Bësch.
Eis SchülerInne krute gewisen, wéi staark Aarbecht sech an de Bëscher an de leschte Joren duerch de Klimawandel scho verännert huet. Och konnten si gesinn, firwat d’Schaffe mam Päerd am Bësch hautdesdaags nees ëmmer méi interessant gëtt.