ANNO 21/22

Am Mëttelpunkt vun der neier Chronik vum LCE, dem ANNO 21/22, steet d’Joerhonnerthéichwaasser vum 15. Juli 2021 a seng Repercussiounen op eis Schoul. Am Dossier “Héichwaasser” fannt dir d’ Chronologie vun den Evenementer vum Juli 2021 mat villen Zeienaussoen, Fotoen an dem Bilan vum Schued. Donieft huet den Historiker Marc Schoellen a sengem Artikel “Panta rhei oder Echternach, eine Stadt im Fluss!” eng interessant Retrospektiv iwwert déi laang Serie vun Iwwerschwemmunge vun der Sauer zesummegestallt.
Zum Präis vu 25 EUR kënnt Dir den ANNO 21/22 am Sekretariat vum LCE kafen.