Nei Sportshal vum LCE!

Dës Fotoe vun eiser neier Sportshal ginn Iech en éischten Abléck an déi flott fuschnei Raimlechkeete vum “Hall des sports” vum LCE. Lo stinn de Schülerinnen a Schüler aus dem LCE a vereenzelte Klassen aus der Grondschoul dräi grouss Sportsfelder a vill neit Material zur Verfügung. An de Sportscouren awer och no der Schoul kënne sou ënnert optimale Bedingungen déi verschiddenst Sportaarte geléiert ginn.
Geschwënn kann d’Hal owes och vu Veräiner genotzt ginn.