Physiksolympiad

Den 19. Januar 2023 hu véier Schüler aus dem LCE un der Qualifikatiounsronn vun der Physiksolympiad deelgeholl a sech mat kniwwelege Froen zur Mechanik, Elektrizitéit an Thermodynamik ausernee gesat. Den Olivier Schaack vun der 1CB huet sech landeswäit op der exzellenter 18. Platz fir d’Halleffinall qualifizéiert. Och wann et net grad duer gaangen ass fir weider ze kommen, kënnen de Fabio Da Silva Afonso (1CB), de Christophe Hoffmann (1CB) an de Pedro Brochado Ramos (1CC) mat hirer gudder Leeschtung an dëser Epreuve zefridde sinn.