Visitt vum Minister Meisch – Drëtten Deel

Am Makerspace kruten de Minister Meisch a seng Delegatioun vum Här Mike Linckels gewisen, datt d‘ Optiouns- Couren am Kader vum Projet „Synergies“ et de Classiques-Schüler*innen och erméiglechen, méi technesch an handwierklech Projeten ze realiséieren. Schüler*Innen aus dem Classique an dem Général realiséieren sou zum Beispill Produiten, déi vun hire Matschüler*innen an enger Mini-Entreprise entwéckelt goufen.

Zum Schluss vun dëser Visitt koum et zu engem interessanten Austausch iwwert d’Entwécklung vum LCE mam Minister an der Direktioun vum Iechternacher Lycée.