Fit for Life

De “Fit for Life” ass e Programm vun der JEL (Jonk Entrepreneure Luxembourg) fir 5G a 4C Klassen.
De Programm ëmfaasst 2 Voleten : allgemeng Finanzbildung (2×2 Stonnen) an Orientatioun (1×2 Stonnen).
Am LCE ginn déi 4 Stonnen iwwert d’finanziell Allgemengbildung ofgehalen : Ënnerscheed brutto-netto Paien, Budget opstellen, Assurancen, Kreditter.
De Cours gëtt vun engem externen Intervenant gehalen, an dësem Fall vum Metty Krack op der 5G3, Ancien aus dem LCE a Besëtzer vun der « Brasserie Koeppchen » zu Wuermer.