Lëtzebuerger Philosophieolympiad 2023

De 7. Februar 2023 huet de schoulinterne Concours fir déi national Philosophieolympiad stattfonnt.  Bei der dësjäreger Editioun konnten den Adam O’Brien (1C) an den Gionni Di Rienzo (2G) mam Ausdrock vun hirer perséinlecher Reflexioun, hirer Argumentatioun, hirer Schreifweis an hire pertinenten Iddien am meeschten iwwerzeegen. Domadder representéiere si den LCE bei der nationaler Philosophieolympiad, déi den 24. Mäerz 2023 zu Walfer stattfënnt. Dem Adam an dem  Gionni eis Felicitatiounen an alles Guddes fir déi nächst Epreuve(n)!