Insektenhoteler

Am Kader vun engem vun deene sëllegen Atelieren, déi Enn Februar um Themendag “Eis Äerd, eis Zukunft” ugebuede goufen, hunn eis Schüler an Zesummenaarbecht mat dem Naturpark Mëllerdall dräi grouss Nisthëllefe fir Insekten (och bekannt als Insektenhoteler) gebaut. Dës goufen elo am Fréijoer am Gaart vun der Orangerie an am Portiersgaart opgestallt. Mat esou Installatioune kann een dem Habitatverloscht vun Insekten entgéintwierken an esou e positiven Impakt op d’Biodiversitéit hunn.