Merci, Här Direkter!

Haut de Moien huet d‘Schoulgemeinschaft vum LCE den Direkter Henri Trauffler iwwerrascht.
Wéi den Här Trauffler a senger leschter Schaffwoch an den Haff vum LCE gefuer koum, stoungen d’SchülerInnen, d‘Enseignantë an d‘Personal am Haff an hunn him geklappt, wéi hien duerch d’Spaléier a Richtung Haaptgebai goung. Op der Entréestrap huet d’Classe musicale vum Monique Schumann an de Primanerchouer vum Georges Urwald fir e flotte musikaleschen Encadrement gesuergt. Den Eric Kieffer, President vum Schülercomité vum LCE, huet dem Här Trauffler fir säi joerzéngtelaangen Asaz fir den Iechternacher Lycée Merci gesot an him am Numm vun alle SchülerInnen e Kaddo iwwerreecht.
Mee net nëmmen den Här Trauffler gouf beschenkt: Restopolis huet de Moien all d‘Membere vun eiser Schoulgemeinschaft mat enger gudder Bretzel verwinnt. Mir soen der Direktioun vu Restopolis e grousse Merci fir dëse léiwe Geste!!