NEWS aus dem LCE!

Den 1. Abrëll 2023 kënnt et zu engem Wiessel un der Spëtzt vum LCE.
No 41 Déngschtjoren als Professer an 20 Déngschtjoren als Direkter geet den Historiker Henri Trauffler a seng wuelverdéngte Pensioun. D’Franséischprofessorin Coryse Hubert, Directrice-adjointe vum LCE, iwwerhëlt dann als éischt Fra an der Geschicht vun eiser Schoul d’Rudder. Zesumme mat enger Direktiouns-Ekipp vu motivéierten an engagéierten Enseignanten huet d’Madamm Hubert dësen Challenge ugeholl.
Mir soen dem Henri Trauffler e ganz grousse MERCI fir säi joerzéngtelaangen Asaz fir eis Schoul an eis Schoulgemeinschaft a felicitéieren eiser neier Directrice zu hirer Nominatioun!
Mir wënschen hir vill Freed an Erfolleg bei dëser neier Erausfuerderung!