1CI kniwwelt mat Low-Tech!

D’Schüler aus der 1CI (1ière Informatique et Communication) hunn am Kader vum Schoulfach „Maîtrise d’Ouvrage“ (MAIOU) hier Projeten zum Thema “Low-Tech” virgestallt. Nodeems d’Schüler vun der Informatikssektioun e Cahier des charges opgestallt hunn, goung et drëm individuell Projeten ze realiséieren, déi si ganz houfreg de Membere vun der Direktioun vum LCE presentéiert hunn!
Dobäi si folgend Projeten entstanen:
– Eng Dusch, déi mat agesammeltem Reewaasser bedriwwe gëtt.
– E selwer entwéckelte Stroumgenerator, dee Stroum mat Hëllef vun enger Spull aus Kofferdrot a Magnéiter mécht.
– Eng Komposttoilette, déi praktesch ouni Waasser bedriwwe gëtt; den Offall kann als Dünger oder Bio-Gas gebraucht ginn.
– E Kicker, deen aus Wäikëschte gebaut gouf.
– E Handstaubsauger, dee mat engem Motor aus engem Spillauto oder manuell mat enger Kuerbel bedriwwe ka ginn.