Journées Info Armée

Ee Grupp Schülerinnen a Schüler vun eisen 3es an 2es hunn en Dënschdeg virun der Päischtvakanz un enger Visitt um Härebierg deelgeholl.

Um Programm stoung eng Demonstratioun vun engem Manöver mat Zaldoten a Gefierer souwéi en Tour mat engem Hummer – Militärwon duerch de Bësch. Op de Stänn war Material ausgestallt an di Jonk konnten sech iwwer d’Ausbildung an d’Aarbecht vun den Zaldoten, de Piloten an de Sanitäter bei der Arméi informéieren.