2GSO um Rallye Citoyen

De „Rallye Citoyen“ vum CGJL/de Jugendrot gëtt reegelméisseg an der Stad Lëtzebuerg organiséiert. Hei bidden d’CGJL an de CIJ all Joer thematesch Rallyen duerch d’Stad un. Eng Geleeënheet net nëmmen d’Haaptstad ze entdecken, mee och all Joer en anert Thema ze entdecken.

D’Iddi kënnt aus der Jugendkonventioun “Chancëgläichheet fir all Jonk – elo!” wärend där e Grupp vu jonke Leit de Besoin ausgedréckt hunn, d’Biergerausbildung méi interessant ze maachen. Op hirer Rees duerch d’Stad entdecken d‘Schüler Lëtzebuerger Personnagen, Institutiounen an Organisatiounen.

De Prinzip vum Rallye ass ganz einfach:

A Gruppe vu ronn 6 Leit hunn sech déi Jonk op de Wee gemaach fir 6 Statiounen op verschiddene Plazen an der Stad ze entdecken. Op all Statioun kruten si Informatiounen an hunn un enger Aktivitéit oder engem Spill deelgeholl, déi hinne Punkte bruecht hunn.

Am Kader vum Rallye Citoyen ass d’Equipe ABC vun der 2GSO mam Hélène Zhu, Gillian Fuchs, Emma Peters, Lucie Santos, Vicky Forler an Nic Diederich op déi 2. Plaz komm.

Eis Felicitatiounen!