Remise des prix en sciences économiques et sociales

E Mëttwoch den Owend hu 4 SchülerInnen aus eisem Lycée an der Chambre des salariés e Präis fir hir ganz besonnesch gutt Resultater am Premièresexamen iwwerreecht kritt, dëst ënner anerem vun der Mme Nora Back (Presidentin vun der Chambre des salariés) an vun der CNPSES (Conférence nationale des professeurs de sciences économiques et sociales).
Fir den LCE waren de Frank Schmitt als Economieprofesser an de Loïc Ferreira als Direktiounsmember mat derbäi.
Mir gratuléieren de 4 Laureaten :

– Olivier Schaack (1CB)
– Liz Hoffmann (1CD)
– Charline Werdel (1CD)
– Hannah Werdel (1CD)

Eis Felicitatiounen !