Italieenesche Menü an der Wollefsschlucht

D’3GCM huet gëschter e schéinen Dag mat hiren Enseignanten verbruecht.
“Fir t’éischt hu mir d’Vue iwwert Iechternach genoss, sinn duerch d’Wollefsschlucht getrëppelt an hunn eis dunn e wonnerbaren italieenesche Menü gezaubert. Et gouf selwer gemaache Brout um Bengel mat Tomat Mozzarella, eng gutt Spaghetti Bolognese vum Feier an zum Schluss hu mir eis mat engem Tiramisu verwinnt. Eise Kuch aus dem Feier war leider e bëssi manner fotogen, mee insgesamt hu mer vill Neies geléiert!”
 
E puer Impressioune vun dësem flotte leschte Schouldag gesitt dir op dëse Fotoen!
Anne-Caroline Berscheid a Lynn Biver