Élève méritant vum Schouljoer 22/23

Den Titel « élève méritant » vum Schouljoer 22/23
geet un dës 8 Schüler a Schülerinnen aus dem LCE:
 
– Leely ANTONY 5C4
– Pedro BROCHADO FERRAO RAMO 1CC
– Kouami DOGBONOU 5C3
– Anne GLODEN 5C4
– Karim THAMINY 6C1
– Matilde NEIVA MENDES 5G2
– Sandro PANTANALI 5G2
– Hannah PINTO 3CA
 
Dëst ass eng speziell Auszeechnung, déi all Schouljoer nëmmen un eng ganz limitéiert Zuel vu Schüler*inne verdeelt gëtt, déi sech am Laf vum Joer ganz besonnech ervir gedoen hunn duerch hir Leeschtung, sief et schoulescher, kënschtlerecher, sportlecher oder sozialer Natur.
 
D‘Direktiounsmembere vum LCE sichen ënnert de Propositiounen, déi si vun Enseignanten kritt hunn, déi Schüler*innen eraus, déi dat Joer den Titel verdéngt hunn.
 
(Et feelen op der Gruppefoto de Pedro BROCHADO FERRAO RAMO an den Kouami DOGBONOU.)
Eis Felicitatiounen!