Ausfluch op Tréier

D’Latiniste vu 5e, 4e an 3e hu freides, de 7. Juli a Begleedung vun hiren Enseignantë Ginette Altmann, Danièle Breuer a Loïc Ferreira ee kulturellen Ausfluch op Tréier gemaach.
Fir d’éischt ware si am Rheinischen Landesmuseum fir d’Virstellung vum mediale Raumtheater “Im Reich der Schatten – Leben und Lieben im römischen Trier”. Duerno hunn si un der Erliefnisféierung “Das Geheimnis der Porta Nigra” deelgeholl.