SEC-Day am LCE

Den 10. Juli huet den LCE am Kader vum Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools eng 2. Editioun vu sengem SEC-Day organiséiert ! D’Thema wor dëst Joer de « Weltraum“ !
Den Entrepreneuriat bezitt sech net just op eis Äerd. D’Fuerschung weist eis, dass och de Weltraum an Zukunft eng grouss Roll an der Gestioun vu Ressourcen spille wäert an eis nei Methoden bitt fir e méi nohaltegt Liewen op eiser Äerd ze gestalten. Den Developpement vun an den Investissement a modern Technologien sinn hei immens wichteg a schafen anengems Aarbëschtsplaatzen zu Lëtzebuerg.
Wosst Dir zum Beispill dass se hei bäi ispace Lunar Rovers bauen?
Kennt Dir de Rôle vun Esero a wësst dir, dass Satellitten net just do sinn fir Telé kënnen ze kucken?
Wat maachen se eigentlech bäi esric ?
Wat si Meteoritten a si se fir eis Äerd geféierlech ?
Eng Rei vun dëse Froen konnten fir eis 4e-Schüler beäntwert ginn.
Mir soen dem Philippe Ludivig an dem Daniel Bolan vun ispace, dem Xiao Chen Zhang an dem Abigail Calzada Dias vun esric, dem Frederic Conrotte vun esero souwéi dem Andy Schmit aus eisem Physiksdepartement villmools Merci fir déi immens interessant Viirtreeg.