Gamification op der 2CI!

Gamification op der 2CI!
D’SchülerInne vun der 2CI (Sektioun Informatik a Kommunikatioun) hunn am Kader vun hirem Fach MAIOU (Maîtrise d’Ouvrage) hier Projete vum 2. Semester präsentéiert. D’Haptthema war “Gamification”.
Folgend Iddien goufe Realitéit:
* Eng Slot-Maschinn, déi richteg Mënz erkennt a bei engem Gewënn Kamellen erausgëtt.
* En Arkade-Spillautomat, bei dem de Spiller mat engem Joystick en Auto steiere kann an aner Autoen auswäiche muss.
* Ee Brietspill iwwert de Weltall, wou et drëms geet, sou fill wéi méiglech Planéiten ze besichen a sou séier wéi méiglech Ressourcen ze sammelen.