Rentrée am LCE

De 19. September um 9 Auer war et fir 1157 Schüler*innen an 155 Enseignanten sou wäit: E neit Schouljoer huet am Iechternacher Lycée ugefaangen!

An hirer Begréissungsried huet d’Madamm Hubert Coryse, Directrice vum LCE, eise Schüler a Schülerinnen en erfollegräicht Joer mat Ausdauer, Motivatioun, Kollegialitéit a vill Freed gewënscht. 

Mir schléissen eis dëse léiwe Wënsch gären un!