Super-Wal-Kiermes am LCE

Den 2. Oktober waren Animateure vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) mat der „Super-Wal-Kiermes“ an eisem Schoulhaff. Eis 2es Schüler a Schülerinne goufen do op eng onkonventionell Aart a Weis fir d’Chamberwale sensibiliséiert. An engem Zelt konnte si un dräi Aktivitéiten deelhuelen, fir iwwert Kompetenze vun der Chamber, d‘Bedeelegung um nationalen Niveau an Iddie fir eist Land ze schwätzen. Déi Jonk konnten un engem Rad dréinen, Béchsen opbauen an Inte fëschen. Als Bonus gouf et Popcorn, deen ee mat engem Wonsch fir d’Gesellschaft “bezuele konnt”.