De Plooschter Projet am LCE

D‘ASBL „Plooschter Projet“ gouf vum Yannick Lieners, dee mat 25 Joer u Leukemie erkrankt ass, an d’Liewe geruff an huet zum Zil fir esou vill Leit wéi méiglech derzou ze bréngen, fir sech als Stammzellespender ze registréieren an esou vläicht engem Leukemiepatient d’Liewen ze retten.   

Haut hu mir fir zweet am Spigelsall fir dës wichteg Initiativ e Moien organiséiert. No enger Presentatioun vun der Mamm vum Yannick Lieners an engem Temoignage vun enger Schülerin konnten eis Schüler a Schülerinnen ab 16 Joer an och Erwuessener (bis 46 Joer) sech vu ville benevollen Infirmièren eng Bluttprouf huele loossen, fir sech als Stammzellespender an eng weltwäit Datebank registréieren ze loossen. Sou konnten 190 (!!) nei potenziell Stammzellespender gewonne ginn. E ganz groussen MERCI fir dëse generéise Geste!

Weider Informatioune fannt Dir um Site www.plooschterprojet.lu