Elterenowend 7C/7G am LCE

En Dënschden den Owend waren d’Eltere vun eise Septimaner op Besuch am LCE. Si hunn am Klassesall vun hire Kanner, fir d’éischt de Regent an d’Enseignantë kennegeléiert. Duerno huet de Regent si iwwert d’Offre scolaire, d’Léieren am Lycée, d’Hausaufgaben, d‘Prüfungen a villes méi informéiert. 

No engem Patt am Kräizgank konnten d’Elteren un engem vun 3 interessante Workshops zu den Themen “Léiere léieren!” de Bien-être vu mengem Kand oder “Wat sinn d’ Promotiounskrittären am ESG?“ deelhuelen.  

E grousse Merci dem Direktiounsmember Chris Pesch fir d’Organisatioun vun dësem gelongenen Owend, op deem d’ Elteren vill wichteg Informatiounen iwwert d‘Léieren an d’Liewen am LCE mat op de Wee kritt hunn.