Solistes Européens Luxembourg

Mir haten, am Kader vun der „semaine de la democratie“, déi grouss Chance, en Trio vun de Solistes Européens Luxembourg am Spigelsall vum LCE dierfen ze begréissen.

De Yanis Griso op der Gei, d’Anik Schwall um Cello an de Christoph König, Chefdirigent a musikalëschen Direkter vun de Solistes Européens Luxembourg, um Piano, hunn der Schoulgemeinschaft vum LCE en ofwiesslungsräichen a beréirende Programm duerch verschidden Epoche präsentéiert an de Schüler/Innen esou e liewegen an anschaulechen Zougang zur klassescher Musek erméiglecht. 

Uschléissend hunn d’Schüler/Inne vun der 5e musicale d’Museker z.B. iwwer hiere berufflechen Alldag oder hiere musikalesche Wee interviewt a krute bei dësem interessanten Austausch esouguer Ureegungen an Tipps fir hier perséinlech Musekspraxis vun de Profien.

Merci dem SEL, de Museker/Innen, de Schüler/Innen an deenen hiere Museksproffen, Monique Schumann a Georges Urwald.