Lëtzebuerger Studente vun Zürech am LCE

Een Dag virum Optakt vun der Studentefoire, sinn d’Lëtzebuerger Studente vun Zürech an den LCE op Besuch komm, fir eise Schüler hiert Unisliewen virzestellen. Eis 1e’s an 2e’s Schüler hunn interessant Abléck aus éischter Hand kritt a wëssen elo, wourop sie mussen oppassen, wa sie an d’Schwäiz a spezifesch op Zürech wëlle studéiere goen. Mir soen der LSZ – Letzebuerger Studenten Zurich villmools Merci fir dës flott Initiativ.