Movietalk

Schüler an d’Schülerinne vun de Klasse 6G, 5C a 4C hu mat hiren Enseignanten am Ciné Sura un engem „Movietalk“ deelgeholl. Si hunn de Thriller „Nerve“, an dem et ëm „online challenges“ geet, gekuckt. Nom Film gouf vu Bee secure eng interaktiv Diskussiounsronn geleet, woubäi d‘Schüler an d’Schülerinnen iwwer hiert eegent Verhalen am Internet nogeduecht hunn.
Mir soen dem Ciné Sura an de Membere vu Bee secure Merci fir dës flott Initiative.