Sustainable Entrepreneurial School Day

E Méindeg, den 18. Oktober, huet den 3. offizielle Sustainable Entrepreneurial School Day stattfonnt. Am Nomëtteg huet e Grupp vu 5 Schüler aus dem LCE un engem flotte Rallye a Clausen deelgeholl. Hei konnten si hiert Wëssen a verschiddene Beräicher weisen an erweideren, souwéi gläichzäiteg Aktivitéite, wéi z.B. e Pitch oder Geschécklechkeetsspiller, maachen. De Rallye huet hinnen d’Méiglechkeet gi verschidde Partenairë vum Projet SES kennenzeléieren. Mir gratuléieren eise Schüler fir déi gutt 2. Platz an hire flotte Präis! Op der Networkingfoire konnten si duerno nach weider Kontakter knëppen an sech och mat de Schüler aus den anere Lycéeën ënnerhalen.
Och dës Joer konnt den LCE sech de Label vum héchsten Niveau, der „entrepreneurial culture“ sécheren. Den Här Robert Droulans, Sous-Direkter, souwéi d’Madamm Anne-Caroline Berscheid, Coordinatrice vum Projet SES an den Här Paul Kohnen, Responsable fir d’Mini-Entreprisen aus dem LCE, hunn eis Schoul bäi der Zeremonie „Am Schapp“ a Clausen representéiert. Mir si stolz op all déi Schüler an Enseignant’en déi sech a ville Workshops a Concoure wärend dem ganze Joer engagéiert hunn!
Ziel vum Projet ass et d‘Schoulgemeinschaft fir den Entrepreneuriat ze sensibiliséieren, déi wirtschaftlech Allgemengbildung ze fërderen, iwwert Nohaltegkeet opzeklären a virun allem d’Schüler zum „aktiv gi“ ze beweegen – dofir ass den LCE och weiderhi motivéiert u sengem Esprit d’Entreprise ze schaffen an dat aktuellt Schouljoer mat dem selwecht gudde Resultat ofzeschléissen !
Vill Informatiounen zum Projet an de sëllegen Aktivitéite fënnt een op www.entrepeneurship.lu.