Stages découvertes op d’Heringer Millen

An den 2 Woche virun der Allerhelleg Vakanz sinn all eis 7C a 7G Klasse mat hire Regenten op e “Stage découverte” op d’Heringer Mille gaangen, deen als Zil hat, den Teamspirit an d’Kohesioun vun eise Septimaner ze stäerken. Um Programm stoungen Aktivitéite wéi den Zesummebau vun enger Waasserleitung an enger Waassermillen, den Opbau vun engem Go-Kart an als Ofschloss e gemeinsaamt Iesse mat enger leckerer Pizza.