En Donneschdeg, den 19. Oktober huet den traditionellen English Teachers’ Day eng éischte Kéier am LCE stattfonnt. Iwwer 100 Enseignanten aus dem ganze Land sinn zesumme komm, fir sech weiderzebilden a sech op de Stänn vun internationalen Editeuren (Oxford University Press, Cambridge University Press, National Geographic) déi neiste Publicatiounen unzekucken.