Fondation Jeunes Scientifique Luxembourg

Den 20. Oktober 2023 war de Guillaume Trap vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg op Besuch am LCE an huet eis 3es an 2es Schüler mat enger ënnerhalsamer Presentatioun motivéiert, fir bei der 53. Editioun vum Concours Jonk Fuerscher matzemaachen. Mir si gespaant, ob deen een oder anere flotte Projet vun eise Schüler beim Concours wäert vertruede sinn.