Lëtzebuerger Auteure liese fir d’4C1

En Donneschdeg, den 19. Oktober haten d’Schüler vun der 4C1 d’Chance, de Pit Schlechter an de Joseph Kayser kennen ze léieren, déi am Kader vum Lëtzebuergeschkuer der Aluedung vun der Madamm Monique Schumann an Zesummenaarbecht mam Trifolion, nokomm sinn. An der Schülerbibliothéik hunn déi 2 Lëtzebuerger Auteuren aus hiere Bicher “De Fléiepëlz” a “Lapsuus” virgelies a sech an engem gemittleche Kader de ganz interessante Froe vun de Schüler gestallt. Entstanen ass ee flotten an dynameschen Echange, dee jiddereen appreciéiert huet an Opschloss ginn huet iwwer d’Liewen an d’Schaffe vun engem Auteur.