Schoulrees a Polen

Vum 26. op den 31. Oktober waren 8 Schülerinnen a Schüler vun eisen 2e Klassen mat 2 vun eise Professeren, dem Loïc Ferreira an dem Yves Olinger a Polen.

Dës Rees gouf vun der Associatioun « Les témoins de la 2e génération » organiséiert.

Wärend dëser Rees, stoungen um Programm d’Visitten vum Stammlager Auschwitz I an Auschwitz-Birkenau, mee awer och d’Visitt vun der aler polnescher Haaptstad, Krakau.

De Sënn vun dëser Rees ass hautzedaags méi wichteg wéi jee virdrun. Dës Deeg hunn all den Participanten erméiglecht un all d’Affere vun der Shoah ze gedenken, et waren dofir och zwou Gedenkzeremonien organiséiert, wou all eis Schülerinnen a Schüler eng Rous hannerluecht hunn.

Nieft deenen offizielle Visitten, konnten all eis SchülerInnen awer och u ganz interessante pägadogesche Workshops deelhuelen (ë.a. Visitte vun Ausstellungen an dem Jewish Centre, vun der Stat an dem jiddesche Kierfecht zu Oswiecim oder anere Diskussiouns- a Reflektiounsronnen zu diversen Themen).

« Ceux qui ne connaissent pas leur histoire s’exposent à ce qu’elle recommence … »